

| |
|
Nationalen UGDA'S Concours fir Harmonien a Fanfaren
De 4. Mee 2008 haten d'Fanfares des Faubourgs e groussen Erfolleg um nationalen UGDA's Concours zu Bartreng/Stroossen.
En 1. Präis mat grousser Auszeechnung an en 1. Präis mat Auszeechnung an der Catégorie B (der 2. héchster).
|
|
|
Fanfare Grand-Ducale
de Clausen |
Fanfare Municipale Neudorf-Weimershof |
  |
D'Clausener Musek 1851 als Pompjeesmusek gegrënnt, bis 1901 sech dann
d'Pompjeeën an d'Musek
zum 50. Jubiläum getrennt hunn.
D'Clausener Musek krut den Zousaz 'Fanfare Grand-Ducale' zu
hirem 75. Jubiläum 1926 vun der Cour Grand-Ducale
zougestan. |
  |
D'Neiduerfer Musek ass 1907 gegrënnt ginn,
déi éischt hate sech op der Hierzekrëpp zesumme fonnt. 1972
huet d'Fanfare Municipale de Neudorf sech de Weimeschhaff,
hire bewunnten Deel um Kiirchbierger Plateau, duerch
Statutenännerung an hiren Numm bäigesat. |
An all deene Joeren huet
d'Fanfare aus Clausen u Concoursen deelgeholl an huet sech
schlussendlech an der 'division excellence' (déi 3. héchst vu 7
Divisiounen) klasséiert an zwar als 3. vun den héchstklasséierte
Fanfare vum Land. An Däitschland ginn déi Clausener an der Oberstufe
der zweethéchster vu 6 gefouert.
Déi zwee Clausener Jonge Robert Schuman an Henri Pensis waren
Éieremember vun der Fanfare. |
Och d'Neiduerfer Musek
huet op Concoursen deelgeholl a sech bis an
1. Divisioun eropgeschafft. |
|
Am Juni 2003 hu sech d'Comitéë vun
deenen zwou Museke getraff. Enn Juli hunn
d'Musekanteversammlunge vun deenen zwou Museke sech
bereet erkläert fir eemol et op 6 Méint zesummen ze
probéieren an ënner der Direktioun vum Patrick Lux ze
musizéieren. Den 2. September 2003 war déi éischt Prouf
zesummen. Déi zwee Veräiner denken net méi dru fir getrennte Weeër ze goen.
Am Mee 2006 gouf eng nei eenheetlech Uniform der Ëffentlechkeet presentéiert. De Museks-ensembel 'Fanfares des Faubourgs' setzt sech
zesummen aus 46 aktive Musekantinnen a Musekanten, 7
Membere vun de Comitéen déi net aktiv sinn, a beim
Nowuess 47 Kanner vum éveil musical bis an d'Präisklassen am Conservatoire. |
|
|

KONTAKT
Post Adress:
7, rue Joseph Hess L-1732 Luxembourg
E-mail General Information:
info@fofa.lu
|